Themabewertung:
  • 0 Bewertung(en) - 0 im Durchschnitt
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
UCNE-Everesting Challenge e Sonndeg, 20.Juni
#1
E Sonndeg ass et souwäit....mir fueren op de Mount Everest Cool Smile 

Well eis Bierger hei am Land net grad sou héich sin, mussen mir eben méi dacks erop fueren.
Mir hun d'Vëlospist vu Welschent erop op Buurschent heifir erausgesicht, déi mir bei enger
Héichtendifferenz vun ca.152m eng 58 oder 59x eropfuere mussen.

Déi éischt starten um 3 Auer an der Nuecht....an hoffen dann sou géint 8 oder 9 Auer Owes fäerdeg ze sin.
Eis Elite fiert géint 5 Auer lass a misst tëscht 6 an 7 Auer déi 8848 hm gepackt hunn.

Menges Wëssen's no trauen 5 Mann sech dat zou....
Den Yves Kirchen, de Léon Kirchen, de Florian Weber, den J.P. Wirtz an meng Wéinegkeet Tongue 


Jiddereen wou Zäit a Loscht huet kann eis ufeiere kommen oder e puer Mol mat erop fueren.....
D'Stroos ass fir den Autosverkéier gespärt....an dir kënnt eis net verpassen Smile
Zitieren
#2
Gratuleiren nach engkeir fir dei top Leschtung dei die 3 Finisher do ferdech bruecht hun. All Respekt.
Zitieren
#3
Thumbs Up 
Félictatioun un all déi, déi den Challenge mattgefuer sin Exclamation
Zitieren
#4
Och meng Gratulatiounen un déi di den Challenge gepackt hunn an un déi den Challenge matgefuer sinn.
Merci awer och all deenen déi matgehollef hunn dat ze organiséieren, speziell dem Lou, dem Marianne an dem Marie-Louise !
Zitieren


Gehe zu:


Benutzer, die gerade dieses Thema anschauen: 1 Gast/Gäste