Themabewertung:
  • 0 Bewertung(en) - 0 im Durchschnitt
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
Päischtméindeg, 1.Juni op de "Schwarzer Mann"
#1
Päischtméindeg proposéiert de Florian en Tour duerch d'Eifel bei de "Schwarzer Mann" (697 Meter) Smile
Mir fueren um 8:45 Auer mam Zuch vun Ettelbréck op Klierf  (RE3758)     Mëchela: 8:51 Auer

Hei starte mir dann mam Vëlo sou géint 9:30 Auer.   De Florian kënnt eroof op Klierf.
Den Tour huet ca.120km an max.2000hm an et gëtt och eng Mëttespaus gemach.
De Retour kënne mir vu Klierf aus nees mam Zuch oder mam Vëlo duerch den Dall machen.....

Am Zuch ass "Maskepflicht" Exclamation
Zitieren
#2
Machen do mat.Huelen den Zuch zu Mëchela.
Zitieren
#3
Sou, lo ass et wéi et ëmmer ass wa mir mol eng Kéier mam Zuch wëlle fueren,
si hun nees de ganzen Päischtweekend e "Chantier" tëschent Ettelbréck an Ëlwen Angry

Déi ganz CFL daacht souvill wéi de Präis vun hiren Ticket'en....nämlech guer näischt.



Da musse mir eben mam Auto doropper fueren....an d'Fro vum Réckwee ass och schon geklärt.

No Récksprooch mam Florian mache mir de RDV dann um 9:30 Auer zu Hengescht beim "Cornelyshaff"
Hien seet dass hannert dem Haff e grousse Parking wier

Bis dann....
Zitieren
#4
dat passt, sinn dobei  Wink
Zitieren
#5
Giff do matfueren, wann nit nëmmen Topatlehten um Départ sinn, nit dass ëch zefill bremsen?
Zitieren
#6
Fueren matt.
Zitieren
#7
Hola, hu mer dat durch de Kapp goe gelos, get ze vill Stress fiir mëch, fueren da léiwer e bëssi eleng
Nach eng flott Tour gewënscht
Zitieren


Gehe zu:


Benutzer, die gerade dieses Thema anschauen: 1 Gast/Gäste