Themabewertung:
  • 0 Bewertung(en) - 0 im Durchschnitt
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
Sonnden 22 Mar.
#1
Sad 
Wei wor aeren Tour da Geschter. Ech wor 2,5 Stonn ennerwee du wor ech kaal genuch.  Et geseit esou aus wei wa mer nach missten a strap leng doremmer rennen. Sad
bis dann engkeier.
Zitieren
#2
Salut Georges an di aner Kolleegen,
et ass schonn eng komesch Situatioun. E Samschdeg an e Sonndeg war ech net eraus, mä hu gëschter awer e klengen Tierche gemaach.
Obschonn et jo net verbueden ass gëtt et kritiséiert wann een mam Vëlo fiert.
Natierlech kann eppes geschéien, mä wou elo vill manner Trafic op de Stroossen ass, ass et do och vill manner geféierlech.
Ech si gewinnt vill ze fueren a ville mech onwuel wann ech hei heem muss bleiwen, ville mech awer och onwuel wann ech fuere ginn, well dann awer deen een oder aneren de Kapp rëselt ...

Wéi ass et Iech ? Rolleyes
Zitieren
#3
Gudde Moien alleguer,

mir geet et ähnlech wéi dem Ed (ech fuere zwar nët esou vill wéi hien Cool ), mee trotz allem an esou laang wéi nët eng Consigne eraus kënnt datt nët méi därf gefuer ginn dréien ech och vun Zäit zu Zäit en Tiirchen. Och wann e puer Leit mengen si missten de Kapp rëselen an Topegkeeten verzapen wéi dass duerch accidentéiert Vëlosfuerer d'Urgencen an de Kliniken géifen iwwerlaascht ginn. Ech ka just soen datt ech mech de Moment esou sëcher op der Stross fillen wéi soss nie.
Sollt vun offizieller Säit gesot ginn mir sollen et loossen, dann wärt ech mech selbstverständlech och dorun halen a mech nees an de Keller op d'Rull setzen.

Iech all nach e schéinen Dag a bleiwt gesond
Zitieren
#4
Ech fueren och meng tier, an effective at as fill mei rouesch op der Stross. Punkto accident, et kann een sech och de Fanger an der Nuess briechen. Esou lang ech derf fueren ech. Schaffen fun doheem an dofir kommen ech och eischter fort Smile Smile Smile  Schlecht gewessen hun ech eigentlech keent. ech hun esou data gefill wei wa mer nach missten laang aleng fueren. Sad
Zitieren
#5
Moien Kolleegen, ech gesin et genau sou wi de Lou, sou lang et erlabt as wert ech fueren och wan een heinsdo muss domm Komentären iwert sech ergoe loossen. Ech siche mer meng Tier sou raus datt ech su man wi méiglech Leit begéinen...wat de Risiko vun engem Accident betrefft su as een dem iweral ausgesat...an de Gros vun den Accidenter di een richt an d'Urgence brengen geschéie jo anscheinend doheem am Haushalt, also bleiwen ech do wech a gi Velo fueren :-)
Bleiwt gesond a losst iech de Spass um Velo net huelen
Zitieren
#6
Mir hun de Metten e klengen Tour mam Moutainbike gemach an d'Leit die mir begeint hun hu just Moie gesot a gewenkt ouni Bemierkungen ze man,mir si jo am heigem Norden gefuer do sin d'Leit vill mei relax Cool
Zitieren
#7
Wor en Densten an hun bei 50 Leit dei ech begeint opgehaal matt zielen, Hun awer och nie ee Kommentar heiren, oder ech wor ze schnell laanscht Tongue . Ech Mengen dei mescht si frou een annert Gesicht ze gesin,mir setzen jo schliesslech all am selwechte Boot. Fannen data gut dass mir eis hei schrweiwen esou behaale mer a besseb Kontkt matteneen. Smile
Zitieren
#8
Wéi de Lou als éischten geäntwert hat war ech richteg frou doriwwer, an och fir ze gesinn datt ech net komplett donieft leien wann ech mol Vëlo fuere ginn.

De Georges huet elo och nach geschriwwen datt hien et gutt fënnt datt mir hei e bësse Kontakt behale kënnen.
Du sot ech mir datt et vläit keng schlecht Idée wier en UCNE Whatsapp-Grupp op ze maachen.
Dat ass elo da geschitt. Smile 

Hunn déi Leit dra gesat vun deenen ech eng Handy-Nummer hunn.
Déi kënnen natierlech aus dem Grupp austrieden wann se net do dra si wëllen.
Fir déi aner, déi och an de Grupp wëllen, kënnen am Memberberäich hir Telefonsnummer un ze ginn.
Zitieren
#9
tiptop Lou,dat war eng ganz gudd Iddi
Zitieren


Gehe zu:


Benutzer, die gerade dieses Thema anschauen: 1 Gast/Gäste