Themabewertung:
  • 0 Bewertung(en) - 0 im Durchschnitt
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
Vëlosmaart am Däich den 22. Mäerz
#1
Well ech matkritt hunn datt den Dikrecher Vëlosclub als Vendeur do géif optrieden fir d'Vëloen, Vëlosstécker asw...  vun hire Memberen ze verkafen, hat ech geduecht datt mir dat och eventuell kéinte maachen.
Wa Memberen hir Vëloen oder Vëlossaachen wéilte verkafen ouni awer selwer an der Däichal ze sinn, da sot hei Bescheed.
Eigentlech misst een virun dem 2. Mäerz sech bei der Gemeng umellen, mä et geet awer och nach méi spéit, krut ech gesot. Smile
Zitieren
#2
De Luc M huet 2 Kannervëloën déi hien verkafe wëll, awer dann net do ka sinn.
Ech sinn da mol op der Plaz. Wink
Wa soss nach een e Vëlo oder Stécker ze verkafen huet, da mellt Iech, et geet jo elo an engems. Smile
Zitieren
#3
Et ass elo esou datt mir e Stand als Club kréien.
Ech hunn op der Gemeng och nogefrot ob eis Memberen kéinten gruppéiert ginn, wat jo awer méi angeneem misst sinn.
Dat wier kee Problem hunn ech gesot kritt. Si hu mir awer keng Nimm dierfe soen wéinst dem Dateschutz.
Mat bei eis um Stand sinn dunn just déi wou ech wousst datt se sech ugemellt hunn.
Dat sinn : Nico S, Marco F, Serge D, Helga an ech.

Wann soss nach Leit sech bei der Gemeng mellen oder gemellt hunn fir eppes ze verkafen, sollen se do Bescheed soen datt se bei de Stand vun der UNCE sollen dobäi gesat ginn. Wink 
Op déi Manéier muss een jo och net onbedéngt di ganzen Zäit op der Plaz sinn. Wink
Zitieren


Gehe zu:


Benutzer, die gerade dieses Thema anschauen: 1 Gast/Gäste