Themabewertung:
  • 0 Bewertung(en) - 0 im Durchschnitt
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
Hëllef zum Forum
#1
Lightbulb 
Hei nach e puer Informatiounen zum Forum.

Anescht wéi beim Forum vu virdrun ass dësen hei op fir sech als Benotzer an ze schreiwen, d'éischt mol als einfache Benotzer, dann duerno eventuell als Member. Beim Forum vu virdrun war dat net de Fall well dat vun allméigleche Leit a Maschinnen benotzt gouf fir allméigleche Schrott op de Forum ze setzen wat näischt mat Vëlo fueren ze dinn hat.

Dir dierft hei och roueg drun ausprobéieren a Saache posten. Dir hutt d'Méiglechkeet dat och ze läschen, a wann Dir et net sollt hikréien maachen ech et wann ech gesinn datt et just zum Test war.

Zu engem groussen Deel vun iech hutt dir hei en Avatar (e Bildchen) bei ären Benotzernumm dobäi gesat kritt. Deen ass net onbedéngt esou wéi dir iech et virstellt. Smile
Dir kënnt deen awer och selwer änneren. Klickt dofir uewen lénks op "Benutzer-CP" an dann am lénksen Deel am Beräich "Dein Profil" steet "Avatar ändern". Da kënnt dir ären Avatar selwer erop lueden, an da misst et geschitt sinn.
Ären neien Avatar kann och eng Foto oder en Deel vun enger Foto sinn déi iergendwou am Internet ze fannen ass.
Wann dir net sollt eens ginn, da sot mir Bescheed (per Mail oder private Message oder per Telefon : 802239), da maache mir dat zesummen.

Et sinn nach weider Méiglechkeeten hei, déi ech awer och nach zum Deel selwer entdecke muss.

Bei weidere Froen stinn ech iech gär zur Verfügung.
Zitieren


Gehe zu:


Benutzer, die gerade dieses Thema anschauen: 1 Gast/Gäste