Themabewertung:
  • 0 Bewertung(en) - 0 im Durchschnitt
  • 1
  • 2
  • 3
  • 4
  • 5
UCNE-Everesting Challenge e Sonndeg, 20.Juni
#1
E Sonndeg ass et souwäit....mir fueren op de Mount Everest Cool Smile 

Well eis Bierger hei am Land net grad sou héich sin, mussen mir eben méi dacks erop fueren.
Mir hun d'Vëlospist vu Welschent erop op Buurschent heifir erausgesicht, déi mir bei enger
Héichtendifferenz vun ca.152m eng 58 oder 59x eropfuere mussen.

Déi éischt starten um 3 Auer an der Nuecht....an hoffen dann sou géint 8 oder 9 Auer Owes fäerdeg ze sin.
Eis Elite fiert géint 5 Auer lass a misst tëscht 6 an 7 Auer déi 8848 hm gepackt hunn.

Menges Wëssen's no trauen 5 Mann sech dat zou....
Den Yves Kirchen, de Léon Kirchen, de Florian Weber, den J.P. Wirtz an meng Wéinegkeet Tongue 


Jiddereen wou Zäit a Loscht huet kann eis ufeiere kommen oder e puer Mol mat erop fueren.....
D'Stroos ass fir den Autosverkéier gespärt....an dir kënnt eis net verpassen Smile
Zitieren


Nachrichten in diesem Thema
UCNE-Everesting Challenge e Sonndeg, 20.Juni - von Marc K - 18.06.2021, 23:09

Gehe zu:


Benutzer, die gerade dieses Thema anschauen: 1 Gast/Gäste